D’First Lego League ass eng erausfuerderend an innovativ Aart a Weis dem Coding an der Fuerschung méi no ze kommen. Net nëmme mussen d’Kanner sech géint aner Equippen ënner Beweis stellen, mee se mussen och Bereetschaft, Teamgeescht a Leadership ervirbréngen. Dës Grondwäerter sollen de Kanner bäibréngen ewéi wichteg een Zesummenhalt ënnerhalb vun enger Ekipp och ausserhalb vun der Schoul ass.
Dës Challenge fuerdert een Team vun 10 (oder méi) begeeschtere Kanner a Coaches anescht ze denken, den sougenannten „thinking outside of the box“ ass an dem Kontext gefuerdert. Zwëschent Innovation Project, Robot Game an dem Gallery Walk, mussen d’Kanner all Joer op een Neits engagéiert un d’Saach erugoen. Beim Innovation Project, sollen d’Kanner no enger innovativer a wëssenschaftlerescher Léisung zu engem Thema sichen an dës enger Jury virstellen. Mee och de Gallery Walk, wou hire Projet an hier Iddi ze präsentéieren ass, gëtt staark ënner d’Lupp geholl. Beim Robot Game, geet et drëms, ënnerhalb vun 2 Minutten 30 de virprogramméierte Roboter Missiounen erfëllen ze loossen.
D’Ekipp mat de meeschte Punkten huet d’Chance sech ze qualifizéieren an an d’Finall ze komme wou se géint aner BENELUX Equippen dierf untrieden. Dës weltwäit Challenge bezitt sech net nëmmen op de Kanner hier Medien a Computer Kompetenze mee fuerdert och déi sozial Kompetenze vun eisen d’Kanner.