Cycle 4.1 : Radio-Podcast

Am 1. Trimester huet d’Klass vum Här Jadul zesumme mat eisem I-CN Carlo Thimmesch e Podcast zum Thema „Natur“ präparéiert. Zum Schluss gouf dëse Podcast ënnert professionelle Bedingungen am Radio ARA opgeholl.

Cycle 4.2 : KI

D’Schüler aus dem C4.2 hunn zesummen entdeckt wat eng K.I (kënschtlech Intelligenz) ass a wéi se entstanen ass. Zesummen mam ICN Carlo Thimmesch an hirer Léierin Mdm Monteiro hunn si Biller generéieren geléiert, Froen zu den Geforen, moralesch Bedenken an awer och Virdeeler vun der K.I gestallt an diskutéiert. Dësen Austausch huet de Kanner erlaabt een begleeten Abléck an d’Entwécklung vun den neien Technologien ze kréien.

Cycle 4.1 : Podcast Chrëschtdag

Am 1. Trimester huet d’Klass vun der Madame Olinger zesumme mat eisem I-CN Carlo Thimmesch e Podcast zum Thema „Chrëschtdag“ präparéiert. Zum Schluss gouf dëse Podcast ënnert professionelle Bedingungen am Radio ARA opgeholl.

Cycle 4.2 : Thema -Medien-

De Cycle 4.2. huet sech am 1. Trimester mam Thema «Medien» beschäftegt. Als Ofschloss vun dësem Thema waren si bei RTL um Kierchbierg op Besuch a kruten hir Froe vun Experte beäntwert.

Schoulkommitee

D‘Nadine Jegen, eis fréier Schoulpresidentin, ass am Ufank vum Trimester an Direktioun 12 gewiesselt. Mat engem klenge Cadeau hunn mir hir villmools Merci gesot fir hir Aarbecht an de leschte Joren.

Cycle 3 : Regenwurm

Stop Motionfilm zum Bewegungsmuster des Regenwurms

Cycle 1-4 : Aweiung vum neien C1-Gebai

Cycle 3.2 : Journées du livret et du droit d'auteur 2025

Am Kader vun der “Journée du livre 2025” huet sech eng Klass vum Cycle 3.2 am VieSo-Cours mam Thema “Held” beschäftegt. Séier koume mir bei Begrëffer wéi “Rassismus – Chancëgläichheet – Diskriminéierung ...” a mir hunn eis d’Rosa Parks als Heldin erausgesicht. Am Dezember 1955 huet d’Rosa Parks sech geweigert enger wäisser Persoun Plaz ze maachen am Bus a gouf dowéinst verhaft. Awer hiren Asaz an de Méint dono, zesumme mat villen anere Schwaarzen, huet dozou gefouert, dat e Geriicht d’Rassentrennungen an den ëffentleche Verkéiersmëttelen opgehuewen huet. Zu dëser Szene hu mir e passenden Text geschriwwen an e Video dozou gedréint. Photoen weisen e puer Ausschnëtter aus eisem Video.

De Cycle 2.2. mecht Viz
Oktober 2024

ÄPPELKOMPOTT September 2024
De Cycle 2.1. huet Äppelkompott gekacht

CODINGWOCH Juni 2024
De Cycle 4.2. huet Ateliere gemaach fir d'Cyclen 2 an 3

De Cycle 4.2 riicht déi nei Beeter op.

Den C 3.1 war am Science Center. Mir hu geléiert wat Feier brauch fir ze brennen, wéi een et nees läsche kann a wéi Freedefeier funktionéiert.

Den C 3.1 huet um Kass-Haff vill iwwert d'Kéih, d'Mëllech an aner Saache geléiert.

Qualifikatiounsdag vun der FLL.

De C4.2. war eng Visite an d'Stat maachen. Wat ware mer dann alles kucken? Kommentéiert hei!

De Cycle 2 kacht Äeppelkompott mat Äeppel aus dem Schoulgaart.

De Cycle 3.1. war Dreck ophiewen...

Ninja-Parcours vu Juli 2022

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert